Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 01

Ass d’Bibel e Buch fir mech?

Ass d’Bibel e Buch fir mech?

Déi meescht vun eis stellen sech vill Froen: Firwat gëtt et esou vill Misär? Wat bréngt d’Zukunft? Wat geschitt nom Doud? Oder mir hu Suergen, Problemer a maachen eis Gedanken, wéi mir fir eis Famill kënnen do sinn. Vill Leit hunn an der Bibel Äntwerten op hir Froe fonnt an och praktesche Rot fir den Alldag. Jiddweree kann eppes vun der Bibel hunn.

1. Op wat fir Froe gëtt d’Bibel eng Äntwert?

D’Bibel gëtt Äntwerten op dës Froen: Vu wou komme mir hier a firwat si mir hei? Firwat geet et esou ville Mënsche schlecht? Wat geschitt, wa mir stierwen? Jiddweree wëll Fridden, firwat gëtt et dann esou vill Krich? Wat geschitt mat der Äerd? D’Bibel seet, mir sollen eis esou Froe stellen. An hir Äntwerten hu Millioune Mënschen iwwerzeegt.

2. Wéi hëlleft d’Bibel eis, glécklech ze sinn?

D’Bibel gëtt eis gudde Rot. Zum Beispill, wéi mir als Famill kënne glécklech sinn, wéi mir mat Stress eens ginn, a wéi mir Freed un der Aarbecht kënnen hunn. An dësem Cours gëtt ee gewuer, wat d’Bibel dozou seet an nach vill méi. Duerch e Studium vun der Bibel hu vill Leit festgestallt, datt dës Wierder richteg sinn: „Die ganze heilige Schrift [alles an der Bibel] ist ... nützlich“ (2. Timotheus 3:16).

Dës Publikatioun ass net geduecht, fir d’Bibel ze ersetzen. Mee si soll eis motivéieren, d’Bibel besser kennen ze léieren. Dofir ass et gutt, d’Bibeltexter ze liesen an dann ze kucken, wéi se mam Theema zesummenhänken.

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi huet d’Bibel anere gehollef? Wéi mécht d’Liesen an der Bibel Freed? A firwat ass et gutt, wann en aneren engem hëlleft, d’Bibel ze verstoen?

3. D’Bibel weist eis de Wee

Esou wéi eng Täscheluucht eis hëlleft ze gesinn, wouhin et geet, esou weist d’Bibel eis och de Wee. Si hëlleft eis, gutt Entscheedungen am Liewen ze treffen a weist och, wat d’Zukunft bréngt.

Psalm 119:105 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi huet de Schreiwer vun dësem Psalm iwwer d’Bibel geduecht?

  • Wéi denks du iwwer d’Bibel?

4. D’Bibel gëtt Äntwerten op eis Froen

Eng Persoun erzielt, wéi si an der Bibel Äntwerte fonnt huet op Froen, déi si sech hiert Liewe laang gestallt huet. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wat fir Froen hat d’Doris Eldred?

  • Wéi huet him de Bibelcours gehollef?

D’Bibel fuerdert eis op, Froen ze stellen. Matthäus 7:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Op wat fir Froen häss du gär eng Äntwert aus der Bibel?

5. Et ka Freed maachen, d’Bibel ze liesen

Vill Leit liese gär an der Bibel an hunn eppes dovun. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wéi denken déi jonk Leit am Video allgemeng iwwer d’Liesen?

  • Firwat liesen si awer gär an der Bibel?

D’Bibel weist eis, datt mir duerch si Trouscht an Hoffnung kënne kréien. Römer 15:4 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wëlls du wëssen, wat fir een Trouscht a wat fir eng Hoffnung d’Bibel gëtt?

6. Hëllef kréien, d’Bibel ze verstoen

Wann ee mat aneren d’Bibel beschwätzt, huet een nach méi dovun, wéi wann ee just eleng dra liest. Apostelgeschichte 8:26-31 liesen. Dozou dës Fro:

Den Äthiopier huet Hëllef gebraucht, fir d’Schrëften ze verstoen. Och haut hëlleft et ville Leit, d’Bibel ze verstoen, wann si se mat aneren zesumme betruechten

WANN EE SEET: „Sech mat der Bibel ofzeginn, dat ass dach Zäitverschwendung.“

  • Wat denks du, a firwat?

FAZIT

D’Bibel gëtt eis praktesche Rot fir den Alldag, Äntwerten op wichteg Froen, an och Trouscht an Hoffnung.

Réckbléck

  • Wat fir e gudde Rot gëtt d’Bibel?

  • Op wat fir Froen huet d’Bibel eng Äntwert?

  • Op wat fir Froen häss du gär eng Äntwert?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Hei gëtt ee gewuer, wéi aktuell de Rot aus der Bibel ass.

„D’Weisheeten aus der Bibel sinn ëmmer gutt“ (Der Wachtturm, Nr. 1, 2018)

D’Bibel huet engem Mann gehollef, dee vu Klengem un, mat negative Gefiller ze kämpfen hat.

Wéi ech mäi Gléck fonnt hunn (2:53)

Wat fir praktesche Rot huet d’Bibel fir d’Famill?

„12 Tipps, déi eng Famill glécklech maachen“ (Erwachet!, Nr. 2, 2018)

Wien huet a Wierklechkeet d’Welt am Grëff?

Wat bréngt et, d’Bibel kennen ze léieren? (laang Versioun) (3:14)