E GESPRÉICH UFÄNKEN
LEKTIOUN 2
Natierlech sinn
Grondsaz: „Wéi gutt ass dach e Wuert zur richteger Zäit!“ (Spr. 15:23)
Wéi de Philippus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 8:30, 31 liesen. Dozou dës Froen:
Wat léiere mir vum Philippus?
2. Wa sech e Gespréich natierlech entwéckelt, ass et méi warscheinlech, datt eise Vis-à-vis sech wuel fillt a bereet ass nozelauschteren.
Maach et ewéi de Philippus
3. Sief opmierksam. De Gesiichtsausdrock an d’Kierpersprooch soe vill iwwer eng Persoun aus. Hues du den Androck, datt dës Persoun offen ass fir e Gespréich? Da kanns du vläicht op d’Bibel ze schwätze komme mat der einfacher Fro: „Wousst Dir, datt …?“ Forcéier awer keen, mat dir ze schwätzen, wann een net dozou bereet ass.
4. Sief gedëlleg. Du muss net onbedéngt direkt ufänken iwwer d’Bibel ze schwätzen. Waart op eng passend Geleeënheet, an där s du ganz natierlech dorop ze schwätze kënns. Wann dee Moment net passend ass, waart op eng nächst Geleeënheet, wou s du mat der Persoun schwätz.
5. Pass dech un. E Gespréich geet vläicht an eng Richtung, mat där s du net gerechent hues. Sief da bereet, der Persoun eppes ze weisen, wat fir si wichteg ass, och wann dat heescht, iwwer en anert Theema ze schwätzen ewéi dat, wat s du am Sënn has.