LIDD 37
Jehova mat ganzem Häerz déngen
1. O Jehova, Papp am Himmel,
hues mengem Liewen déiwe Sënn ginn.
All Dag wëll ech dir gär weisen,
wéi frou mat dir an dankbar ech sinn.
Deng Geboter wëll ech all halen,
duerch si weist du deng Léift fir mech.
(REFRAIN)
Dir Jehova wëll ech déngen.
Du bass mäi Gott, ech liewe fir dech.
2. Äerd an Himmel, Mound a Stären
weisen deng Muecht an éi’ren däin Numm.
Sou wéi si wëll ech dech luewen,
zielen, wéi schéin et ass, dech ze hunn.
Mäi ganzt Häerz wëll ech ëmmer dir ginn,
trei un denger Säit bleiwen ech.
(REFRAIN)
Dir Jehova wëll ech déngen.
Du bass mäi Gott, ech liewe fir dech.
(Dozou och 5. Mo. 6:15; Ps. 40:8; 113:1-3; Pred. 5:4; Joh. 4:34.)