LIDD 49
Jehova säin Häerz erfreeën
1. Gott seet mir: „Lauschter dach op mech.
Da freet mäin Häerz sech iwwer dech.
Dem Däiwel ech sou weise kann,
du stees aus Léift gär fir mech an.“
2. Gott, du gëss Hëllef an nei Kraaft
duerch däi verstänn’gen, treie Sklav.
Mäi Bescht kann ech dir doduerch ginn.
Sou dankbar ech dir dofir sinn.
3. Däin hell’ge Geescht brauch ech all Dag.
Mat Mutt sinn ech dann an der Lag,
loyal ze maachen, wat s du sees,
sou dass du dech iwwer mech frees.
(Dozou och Mat. 24:45-47; Luk. 11:13; 22:42.)