Wat seet d’Bibel iwwer Chrëschtdag?
D’Äntwert aus der Bibel
An der Bibel gëtt weeder den Dag vu Jesus senger Gebuert genannt, nach fuerdert si een dozou op, säi Gebuertsdag ze feieren. „D’Feiere vu Chrëschtdag ass net vu Gott bestëmmt ginn, a gëtt och net am NT [Neien Testament] ernimmt“ (McClintock a Strongs Cyclopedia).
Wann een d’Geschicht vu Chrëschtdag genee ënnert d’Lupp hëlt, stellt ee fest, datt en säin Ursprong an heednesche reliéise Riten huet. Wéi beréiert et Gott, wann een un Traditioune festhält, déi him net gefalen? Der Bibel no géif ee Gott domat blesséieren (2. Mose 32:5-7).
D’Bräich vu Chrëschtdag – wou kommen si hier?
De Gebuertsdag vu Jesus feieren: „Déi éischt Chrëschten hu Jesus säi Gebuertsdag net gefeiert, well si d’Feiere vu Gebuertsdeeg als en heednesche Brauch ugesinn hunn“ (The World Book Encyclopedia).
De 25. Dezember: Et gëtt kee Beweis dofir, datt Jesus op deem Dag gebuer gouf. Warscheinlech huet de Klerus sech fir dësen Datum decidéiert, well zu dëser Zäit schonn ëmmer Fester vun der Wintersonnenwende an aner heednesch Fester gefeiert goufen.
Feieren, Fester, Kaddoen: „An der Zäit vum 17. bis 24. Dezember ... goufen zu Roum d’Saturnalien gefeiert ... D’Geriichter an d’Schoulen, d’Butteker an d’Banken haten zou, an och d’Sklaven hate fräi“ (Rüdiger Vossen, Weihnachtsbräuche in aller Welt). „Et huet ee Käerzen a Fakelen ugefaangen, giess a gedronk, a sech géigesäiteg Kaddoe gemaach“ (Encarta Enzyklopädie, 2004). „An och nach een anere Brauch vun de Saturnalien ass an de chrëschtleche Festkalenner opgeholl ginn: Eis Chrëschtkaddoe si mat der Traditioun vun de Saturnalie verbonnen ... Fir d’Saturnalie-Kaddoe gouf et am ale Roum en eegene Maart“ (Karl-Wilhelm Weeber, Honorarprofesser fir Al Geschicht).
Chrëschtdekoratioun: An Europa goufen d’Haiser „mat Luuchten a mat all Zorte vun ëmmergrénge Planzen dekoréiert“ (Encyclopedia of Religion). Domat hunn si d’Wintersonnenwende gefeiert an et sollt si viru béise Geeschter schützen. „D’Liewenskraaft vun den ëmmergrénge Planze sollt d’Dämone verdreiwen“ (Lexikon der Bräuche und Feste).
Mëspel, Walddëschtel: „D’Druiden hu fir d’Feier vun der Wintersonnenwende d’Planzen ofgeschnidden, déi spéider verdeelt an an den Haiser opgehaange goufen ... Der Mëspel goufe magesch Kräften nogesot: Si sollt d’Dämonen ofwieren a Gléck bréngen“ (Lexikon der Bräuche und Feste). „Déi ëmmergréng Walddëschtel gouf veréiert als Zeechen dofir, datt d’Sonn erëm kënnt“ (Encyclopedia Americana).
Chrëschtbeemchen: „D’Veréierung vun engem Bam, déi geleefeg war ënnert den heedneschen Europäer, ass bestoe bliwwen, och nodeems si zum Chrëschtentum bekéiert goufen.“ Eng Aart a Weis, wéi d’Veréierung vum Bam iwwerlieft huet, ass de Brauch, fir „e Chrëschtbeemchen an der Entrée oder am Haus opzeriichte fir d’Feierdeeg matzen am Wanter“ (Encyclopædia Britannica).