Firwat ass Jesus säin Affer „ein Lösegeld für viele“?
D’Äntwert aus der Bibel
Duerch d’Affer vu Jesus ka Gott d’Mënschheet vu Sënn an Doud befreien. An der Bibel gëtt Jesus säi Blutt als Léisegeld bezeechent (Epheser 1:7; 1. Petrus 1:18, 19). Dofir sot Jesus, datt hie komm ass, „fir säi Liewen als Léisegeld fir vill Mënschen ze ginn“ (Matthäus 20:28, BFL).
Firwat war „e Léisegeld fir vill Mënschen“ néideg?
Gott huet den éischte Mënsch, den Adam, ouni Sënn, also perfekt erschaf. Hien hätt kënne fir ëmmer liewen, awer well hie Gott net gefollegt huet, huet hien dës Méiglechkeet verluer (1. Mose 3:17-19). Wéi hie Kanner krut, huet hien hinnen d’Sënn, also d’Onvollkommenheet, verierft (Römer 5:12). Dofir seet d’Bibel, datt den Adam sech selwer a seng Kanner an d’Sklaverei vu Sënn an Doud „verkaf“ huet (Römer 7:14). Well kee Mënsch vollkommen ass, ka kee vun eis dat zeréckkafen, wat den Adam verluer huet (Psalm 49:7, 8).
Gott hat Matleed mam Adam sengen Nokommen, well si an enger hoffnungsloser Situatioun waren (Johannes 3:16). Awer well Gott gerecht ass, konnt hien d’Sënn net ouni valabel Grondlag entschëllegen oder iwwer si ewechkucken (Psalm 89:14; Römer 3:23-26). Aus Léift zu de Mënschen huet Gott fir eng legal Grondlag gesuergt, fir hinnen hir Sënnen ze verzeien an hinnen an Zukunft ze hëllefen, guer net méi ze sënnegen (Römer 5:6-8). D’Léisegeld ass genau dës legal Grondlag.
Wat ass d’Funktioun vum Léisegeld?
An der Bibel schléisst e „Léisegeld“ dës dräi Elementer an:
Et ass eng Bezuelung (4. Mose 3:46, 47).
Et mécht eng Befreiung oder Erléisung méiglech (2. Mose 21:30).
Et entsprécht dem genaue Wäert vun enger Saach oder deckt dëse Wäert of. a
Erfëllt Jesus säin Affer dës dräi Krittären?
Bezuelung. D’Bibel seet, datt d’Chrëschten „fir e Präis fräikaf“ gi sinn (1. Korinther 6:20; 7:23). Dëse Präis ass Jesus säi Blutt, mat deem hie „fir Gott Mënschen aus all Stamm, … all Vollek an all Natioun fräikaf“ huet (Offenbarung 5:8, 9).
Befreiung. D’Affer vu Jesus féiert zu enger „Befreiung duerch Léisegeld“ – et befreit vu Sënnen (1. Korinther 1:30; Kolosser 1:14; Hebräer 9:15).
Géigewäert. Jesus säin Affer entsprécht genau deem, wat den Adam verluer huet: e perfekt Mënscheliewen (1. Korinther 15:21, 22, 45, 46). An der Bibel heescht et: „Esou wéi deen ee Mann net gefollegt huet an der vill esou zu Sënner gemaach goufen, esou ginn der vill gerechtgesprach, well deen ee Mann [Jesus Christus] gefollegt huet“ (Römer 5:19, BFL). Dat erkläert, wéi duerch den Doud vun engem Mënsch e Léisegeld fir vill Mënsche bezuelt ka ginn. Jesus säin Affer ass also „en entspriechend Léisegeld“ fir all d’Mënschen, déi déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir dovunner ze profitéieren (1. Timotheus 2:5, 6).
a An de Sproochen, an deenen d’Bibel geschriwwe gouf, bezéien sech d’Wierder, déi mat „Léisegeld“ iwwersat ginn op e Präis oder op eng wäertvoll Saach, déi bezuelt gëtt. Zum Beispill bedeit dat hebräescht Verb kaphár grondsätzlech „zoudecken“ oder „bedecken“. Et gëtt gewéinlech op d’Zoudecke vu Sënnen ugewant (Psalm 65:3). D’Substantiv kópher, dat vun dësem Verb ofgeleet gëtt, bezitt sech op de Präis, dee bezuelt gëtt, fir dëst Zoudecken oder Fräikafe méiglech ze maachen (2. Mose 21:30). Änlech ass et mam griichesche Substantiv lýtron, dat mat „Léisegeld“ iwwersat gëtt an de Gedanke vu fräikafe vermëttelt. Griichesch Schrëftsteller hunn dëse Begrëff gebraucht, wann et ëm de Präis gaangen ass, dee bezuelt gouf, fir Krichsgefaangener oder Sklave fräizekafen (Matthäus 20:28; Studienanmerkung „Lösegeld“).