Wat geschitt nom Doud?
D’Äntwert aus der Bibel
D’Bibel seet: „Denn die Lebenden wissen, dass sie sterben werden, aber die Toten wissen gar nichts“ (Prediger 9:5; Psalm 146:4). Dat heescht, wann e Mënsch stierft, hält en op ze existéieren. Déi Verstuerwe kënnen net méi denken, näischt méi maachen oder fillen.
„Du gëss erëm zu Stëbs“
Gott huet kloer gesot, wat nom Doud geschitt. Wéi den éischte Mënsch, den Adam, géint Gott rebelléiert huet, huet Gott zu him gesot: „Denn Staub bist du und zum Staub wirst du zurückkehren“ (1. Mose 3:19). Wou war den Adam, éier hie vu Gott „aus Staub vom Erdboden“ erschafe ginn ass? Hien huet einfach net existéiert (1. Mose 2:7). Wéi hien du gestuerwen ass, ass hien nees zu Stëbs ginn an huet deemno opgehalen ze existéieren.
Dat selwecht geschitt mat all deenen, déi haut stierwen. D’Bibel beschreift, wat mat de Mënschen an Déieren nom Doud geschitt: „Sie kommen alle aus dem Staub und kehren alle zum Staub zurück“ (Prediger 3:19, 20).
Mam Doud ass net alles eriwwer
An der Bibel gëtt den Doud oft mat engem Schlof verglach (Psalm 13:3; Johannes 11:11-14; Apostelgeschichte 7:60). Eng Persoun, déi déif a fest schléift, kritt net mat, wat ronderëm geschitt. Esou ass et och, wann een doud ass: Et kritt ee guer näischt méi mat. D’Bibel weist awer och, datt Gott Mënschen aus dem Doud wakereg maache kann an hinnen esou erëm Liewe schenkt (Hiob 14:13-15). Fir déi, déi duerch Gott rëm lieweg ginn, ass mam Doud also net alles eriwwer.