JONK LEIT FROEN
Wat bréngt et mir, an e Kinnekräichssall ze goen?
D’Zeie vu Jehova treffe sech zweemol an der Woch fir hir Versammlungen a sougenannte Kinnekräichssäll. Wat geschitt do a wat bréngt et dir dohinzegoen?
Wat geschitt an engem Kinnekräichssall?
De Kinnekräichssall ass eng Plaz, wou ee léiert, wat een am Alldag vun der Bibel huet. D’Versammlungen hëllefen dir:
d’Wouerecht iwwer Gott gewuer ze ginn.
aktuell Evenementer an hir Bedeitung ze verstoen.
e bessere Mënsch ze ginn.
echt Frënn ze fannen.
Wousst du schonn? Déi Plaz, wou Zeie vu Jehova sech treffen, gëtt Kinnekräichssall genannt, well do haaptsächlech iwwer Gott säi Kinnekräich geschwat gëtt (Matthäus 6:9, 10; 24:14; Lukas 4:43).
Wat bréngt et mir, wann ech dohiginn?
Wat s du do gewuer gëss, hëlleft dir. D’Bibel seet: „Erwirb Weisheit“ (Sprüche 4:5). Déi bibelesch Grondsätz, déi an de Versammlunge vun den Zeie vu Jehova beschwat ginn, hëllefen dir dobäi. Esou kanns du gutt Entscheedungen an dengem Liewen treffen. Ausserdeem kriss du do Äntwerten op wichteg Froen, wéi zum Beispill:
Hei e puer Theemen, déi un de Weekender an der Versammlung beschwat ginn:
Firwat soll ee sech vun der Bibel leede loossen?
Wou fënnt een Hëllef a schwieregen Zäiten?
Wat Gott säi Kinnekräich schonn haut fir eis mécht
„E Jong aus menger Klass ass eng Kéier mat an d’Versammlung komm. Hie souz bei mir a menger Famill an huet mat an d’Bibel an an d’Bicher gekuckt. Dono sot hien, datt hien impressionéiert war vun deene ville Kommentare vun den Uwiesenden. Him ass och opgefall, datt a senger Kierch net esou vill Studiematerial ugebuede gëtt“ (Brenda).
Wousst du schonn? Den Entrée ass fräi an et gëtt keng Kollekt gemaach.
D’Zesummekomme mat aneren ermontert dech. Der Bibel no ginn et verschidde Grënn firwat Chrëschte sollen zesummekommen. Een dovunner ass, fir sech géigesäiteg ze ermonteren (Hebräer 10:24, 25). An enger egoistescher Welt, deet et einfach gutt mat Mënschen zesummenzekommen, fir déi Gott an hir Matmënschen méi wichteg sinn.
„No engem laangen Dag sinn ech heiansdo traureg oder einfach nëmme gebrach. Mee d’Leit am Kinnekräichssall hëllefe mir, mech besser ze fillen. Wann ech dann no der Versammlung heemginn, sinn ech frou a prett fir den nächsten Dag“ (Elisa).
Wousst du schonn? Et gi méi ewéi 120.000 Versammlunge vun den Zeie vu Jehova, an dat op méi ewéi 60.000 verschiddene Plaze ronderëm d’Welt. Well d’Zuel vun deenen, déi d’Versammlunge besiche permanent klëmmt, ginn all Joer an der Moyenne 1500 nei Kinnekräichssäll gebaut. a
a Fir e Kinnekräichssall ze fannen, kuck bei „Versammlunge vun den Zeie vu Jehova“ a klick op „A menger Géigend“.